Polizist erschéisst Familljemembere an duerno sech selwer

D'Beamte virun der Wunneng, wou d'Dot passéiert ass. / © AFP
Zu Sarcelles am Val d'Oise a Frankräich huet e Polizist e Samschdeg den Owend 3 Mënschen erschoss, 3 blesséiert an huet sech duerno d'Liewe geholl.
Éischte Resultater vun der Enquête no soll et sech ëm e Bezéiungsdrama gehandelt hunn, well sech d’Frëndin vum Mann wollt trennen.
Ënnert den Affer ass och de Papp vun der Frëndin, grad wéi zwee Passanten, déi wahrscheinlech wollten agräifen.
Well de Polizist mat senger Déngschtwaff arméiert war, huet schonn e Sonndeg de Moien de franséischen Inneminister Gérard Collomb reagéiert a kloer gestallt, dass d’Polizisten och ausser Déngscht hir Déngschtwaffe weider bei sech hale kéinten. Esou tragesch Fäll, wéi déi zu Sarcelles wieren Ausnamen.
No den Terror-Attentater vu November 2015 kruten d’Polizisten a Frankräich d’Recht, fir och ausserhalb vun der Déngschtzäit eng geluede Waff bei sech ze hunn, fir noutfalls séier kënnen ze agéieren.