Historeschen Déif bei den Organspenden alarméiert d'Experten

Déi Däitsch Stëftung fir Organtransplantatioun fuerdert d'Spideeler op, méi organiséiert un d'Thema Organspenden erunzegoen.
D'Doktere spillen hei eng immens wichteg Roll. Si solle Spender méi séier erkennen an dann déi néideg Prozeduren an d'Weeër leeden.
2017 war d'Zuel vun de Spender um déifste Stand zanter 20 Joer.
D'Zuel vun de Spender ass d'lescht Joer ëm 60 op 797 zeréckgaangen. Eurotransplant krut 2595 Spende gemellt, dat ass Réckgang vun 273. D'DSO fuerdert dowéinst e gemeinsamen Initiativplang vu Spideeler, medezinesche Fachgesellschaften, Verbänn a Politik.
Schonn am November huet d'DSO de Réckgang op en 20-jähregt Déif virausgesot a Contremesuren gefuerdert. Eng wichteg Roll spillt dobäi, dass net systematesch genuch d'Méiglechkeet vun der Organspend bei onheelbar Krankheeten ugeschwat gëtt, fir op dem Wee Spender ze gewannen.
De Problem läit deemno an de Spideeler an der Organisatioun, an net bei der Bereetschaft vun der Bevëlkerung ze spenden.
Um Méindeg ass nach emol betount ginn, dass d'Thema Organspenden an de Spideeler net an den Hannergrond dierf geroden.
E weidere Problem sinn d'Patienteverfügungen, déi onkloer ausgedréckt sinn. Et brauch een eng Léisung, déi vun alle bedeelegten Institutiounen kënnt, déi d'Organspend erëm an d'Aktualitéit bréngt.