Den Donald Trump ass kierperlech a geeschteg gesond

© AFP
Den amerikanesche President huet en offizielle Gesondheetscheck gemaach. Eraus koum, den Donald Trump ass gesond an a gudder geeschteger Verfassung.
All d'Donnéeë géifen drop hiweisen, dass den Donald Trump gesond ass, an dat och fir de Rescht vu senger Mandatsperiod bleift, sou ee Militär-Dokter, deen den Trump de leschte Freideg ënnersicht hat.
Et géifen och keng Unzeeche ginn, dass den US-President iergendee kognitive Problem hätt, huet de Medeziner am Wäissen Haus betount. D'Revelatioun-Buch vum Journalist Michael Wolff hat d'Debatt iwwert dem Trump säi Gesondheetszoustand lancéiert. Doranner beschreift de Wolff am Detail dem Trump seng Virléift fir Fastfood an zeechent ee Bild vun engem geeschteg onstabele Staatschef.