Iwwer 90% vun de Leit weltwäit si verknaschter Loft ausgesat

Ronn 7 Milliounen Doudesfäll pro Joer wieren op verknaschte Loft zeréck ze féieren, heescht et am Rapport vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO.
Dat geet aus engem Rapport ervir, deen d'WHO um Mëttwoch publizéiert huet. Betraff sinn deemno ëmmer méi Leit an aarme Länner. Ronn 7 Milliounen Doudesfäll pro Joer wiere op verknaschte Loft zeréck ze féieren, heescht et am Rapport.
D'Loftverschmotzung géif eis all menacéieren, sou de Chef vun der Weltgesondheetsorganisatioun. Betraff sinn an der Haaptsaach Länner an Asien an an Afrika.
Kalifornien a weider 16 US-Bundesstaaten hunn eng Plainte géint di amerikanesch Regierung gemaach
Si fäerten, dass d'Ëmweltvirschrëfte fir Autoen net méi respektéiert ginn. Genuch ass genuch, sou de Procureur vu Kalifornien. Et géif net drëms goen, Konfrontatioun mat der Trump-Regierung ze sichen, mä et géif ze vill fir d'Gesondheet an di amerikanesch Ekonomie um Spill stoen fir einfach esou nozekucken. Dowéinst hätt ee beim zoustännege Geriicht vum District of Columbia eng Plainte deposéiert.
Déi amerikanesch Ëmweltautoritéiten haten Uganks Abrëll annoncéiert, d'Emissiounsvirschrëfte méi labber ze maachen. Kalifornien, e Virreider am Kampf géint d'Loftverschmotzung hat doropshin mat enger Plainte gedreet. Zu dëser Allianz gehéieren nieft Kalifornien och New York a Washington. Déi eenzel Staate representéieren iwwer 140 Milliounen Awunner, déi propper an effizient Autoe wëllen, sou de Gouverneur vu Kalifornien.
Déi eenzel Virschrëfte stamen nach vun der fréierer Obama-Regierung. Si sinn och fir d'CO2 Emissioune vun Autoen op den amerikanesche Stroossen decisive. Konkret geet et ëm eng Virschrëft, deemno den Duerchschnëttsverbrauch bis 2025 op 4,3 Liter pro 100 Kilometer soll erof goen.