4 Kanner, am Alter vun 10 an 11 Joer, waren zu Blankenberge bal erdronk. Hir Eltere waren zu deem Ament shoppen, respektiv waren an engem Beachclub.

Hätten net 7 Rettungsschwëmmer agegraff, wären déi 4 Kanner wuel erdronk. Beim Spille ware si no un d'Steng vum Wellebriecher komm a konnte sech aus eegener Kraaft net méi aus der Situatioun befreien.

Zwou vun de Persounen, déi si gerett hunn, goufe bei der Aktioun liicht blesséiert, datt schreift d'Het Nieuwsblad. Nom Tëschefall goufen d'Elteren, eng Koppel war shoppen, déi aner waren an engem Beachclub, vun de Rettungsschwëmmer beléiert.