Dat héichverschëlte Land bleift domadder staark limitéiert a senger politescher Handlungsfäegkeet.

Et geet quasi kee vun de politeschen Observateuren dovunner aus, datt de Premier François Bayrou de Mësstrauensvott, deen e selwer provozéiert huet, e Méindeg de Mëtteg iwwersteet. D'Decisioun vum Parlament fält géint 19 Auer.

Et wier dëst dann de véierte Regierungswiessel zanter dem leschte Joer an op en neits eng Néierlag fir de President Emmanuel Macron. Dee schléisst Neiwalen grad wéi e Récktrëtt weider aus. Obwuel knapp zwee Drëttel vun de Fransousen, de Sondagen no, fir virgezunne Presidentielle wieren.

RTL

© AFP

Fir e Mëttwoch hunn Aktivisten via den Internet zu enger Protestaktioun a ganz Frankräich opgeruff. Si wëllen dat ganzt Land "blockéieren". De Motto vun der Aktioun ass nämlech "bloquons tout". Streikaktioune sinn ënnert anerem a Spideeler an dem ëffentlechen Transport z'erwaarden. D'Gewerkschaften wëllen den 18. September mat engem eegenen Aktiounsdag nach een drop setzen.

Den Depart vum François Bayrou vu Matignon riskéiert näischt un der verfuerener politesche Situatioun ouni kloer Majoritéitsverhältnisser ze änneren. Och dem nächste Premier dierften ouni Majoritéit d'Hänn gebonne sinn. Als méiglech Kandidaten sinn ënnert anerem de Justizminister Gérald Darmanin an de Finanzminister Eric Lombard am Gespréich.