Den Nobelpräis an der Ekonomie geet un de William Nordhaus (Klima-Ekonomie) an un de Paul Romer (Wirtschaftswuesstem).

Den Nobelpräis fir Ekonomie geet déi Kéier un d'Fuerscher William Nordhaus a Paul Romer. D'US-Amerikaner kréien de Präis fir hir Aarbechten am Beräich nohalteg Croissance, erkläert den Nobel-Comité zu Stockholm.
D'Wëssenschaftler maachen de Lien tëscht den Domäne Klimawandel an Innovatioun.

D'Auszeechnung an der Kategorie vun de Wirtschaftswëssenschaften geet, am Géigesaz zu deenen anere Präisser, net direkt op d'Testament vum Alfred Nobel zeréck. E gouf 1968 vun der Schwedescher Reichsbank am Gedenken un de Alfred Nobel an d'Liewe geruff a gëtt zanter 1969 decernéiert.

D'lescht Joer war den amerikaneschen Ekonomist Richard Thaler fir seng Aarbechten am Kontext vun der Wirtschaftspsychologie ausgezeechent ginn. Iwwerreecht ginn d'Nobelpräisser den 10. Dezember, um Doudesdag vum Alfred Nobel.