YouTube huet sech an enger aussergeriichtlecher Eenegung verflicht, dem Donald Trump wéinst Spärung vu sengem Konto 2021 22 Milliounen Dollar ze bezuelen.

YouTube wäert dem Donald Trump no enger aussergeriichtlecher Eenegung 22 Milliounen Dollar bezuelen, dat nodeems dem US-President säi Kont nom Ugrëff op de Kapitol de 6. Januar 2021 gespaart gouf. D'Sue sollen an de Bau vum Trump sengem neie Festsall vum Wäissen Haus investéiert ginn.

Zousätzlech ginn 2,5 Milliounen Dollar un Trump-Alliéierten ausbezuelt, dorënner un d'Unioun vun den Amerikanesche Konservativen.

Den Trump hat schonn 2021 géint Alphabet, deenen d'Video-Plattform gehéiert, geklot mat der Behaaptung, hie wier onrechtméisseg zenséiert ginn. YouTube hat deemools d'Spärung vum President sengem Kont wéinst Gefor vu weiderer Gewalt begrënnt.

Och Facebook an Twitter haten deemools seng Konte suspendéiert.

Dem Trump seng Affekoten hu behaapt, d'Reegele fir d’Spär wiere "vag an dauernd geännert ginn". Juriste weisen awer drop hin, datt den Éischte Verfassungszousaz (First Amendment) just d’Regierung, net awer privat Firmen, dovun ofhält, Riede-Fräiheet anzeschränken.

D'Eenegung ass eng vu villen, déi den Trump iwwert déi leschte Méint mat enge sëllege Medien erreecht huet. Sou hat zum Beispill Meta, deene Facebook gehéiert, am Januar 25 Milliounen Dollar bezuelt, dat gréisstendeels fir dem Trump seng zukünfteg Presidente-Bibliothéik ze finanzéieren. D'Plattform X hat am Februar eng Eenegung vun 10 Milliounen Dollar ugeholl, a Paramount Global huet 16 Milliounen Dollar bezuelt, fir e Prozess iwwert en Interview mat der Demokratescher Presidentschaftskandidatin Kamala Harris ze reegelen

Vill Medie-Firmen entscheede sech fir aussergeriichtlech Eenegungen, well wichteg Reguléierungsdecisiounen, déi hir Firme betreffen a vum Trump ofgeseent musse ginn, nach ausstinn.