Méi wéi 90% vun de Kanner op der Welt ootme verknaschte Loft an, déi e Risiko fir hir Entwécklung an hir Gesondheet ass.

Dat geet aus enger neier Etüd vun der Weltgesondheetsorganisatioun ervir. Deemno géifen all Joer 7 Millioune Mënschen all Joer fréizäiteg un de Suitte vu Loftverschmotzung stierwen.

Eng 600.000 vun hinne wiere Kanner vu manner wéi 15 Joer. Betraff si virun allem d'Awunner an aarme Länner.