China
Opreegung no angeblecher Gebuert vu genmanipuléiertem Puppelchen

China huet eng Enquête ordonnéiert, nodeems ee chineseschen Fuerscher déi weltwäit éischt Gebuert vu genmanipuléierte Puppelcher annoncéiert huet.
D'Lokalregierung vun der Provënz Guangdong krut den Uerder, direkt eng detailléiert Enquête ze entaméieren. Dat huet déi national Gesondheetskommissioun zu Peking bekannt ginn.
De Wëssenschaftler huet weltwäit fir Opreegung ënner Fuerscher an Ethiker gesuergt, wéi hien d'Gebuert vum éischte genmanipuléierte Kand annoncéiert hat.

Am meeschte gelies