Well et schonn zanter Mëtt Dezember ongewéinlech waarm an Australien ass, leiden net nëmmen d'Mënschen, och d'Déiere sinn op der Kopp.

Déi lokal Autoritéiten hunn elo eng Warnung wéinst Fliedermais, déi Mënschen attackéieren, erausginn. Déi duerch d'Hëtzt gestressten Déieren géifen d'Leit ugräifen, bäissen a krazen. Eleng an de leschte 2 Wochen wier et nërdlech vu Sydney zu 7 Attacke komm.

Bei 2 Déieren ass den australesche Fliedermaus-Lyssavirus nogewise ginn, ähnlech wéi den Tollwut-Erreeger. Dee ka fir Mënschen liewensgeféierlech sinn.

D'Hëtztwell an Australien huet ëm Chrëschtdag ugefaange mat ongewéinlechen Temperaturen ëm 40 Grad a méi. Besonnesch fir d'Fliedermais wier dat eng Belaaschtung. Déi desorientéiert Déieren géifen einfach vun de Beem falen a sech a Stroumkabelen verfänken. D'Mënsche wiere beim Versuch hinnen ze hëllefen ugegraff ginn.