Et muss méi effektiv géint ongesond chemesch Substanzen a Liewensmëttel agéiert ginn. Dat fuerdert den europäesche Rechnungshaff.

D'EU-Reegele wieren iwwerlueden an d'EU-Staate mat de Liewensmëttelkontrollen iwwerfuerdert, sou d'Kritik. Dausende vu Substanze géife praktesch net kontrolléiert ginn. Dem Rechnungshaff no kéint eng Léisung déi sinn, dass d'Laboratoiren aus der Liewensmëttelindustrie méi staark an d'Kontrollen involvéiert ginn, fir staatlech Institutiounen ze entlaaschten. Als potenziell geféierlech gëllen den EU-Reegelen no ronn 8.000 Substanzen, ënnert anerem Faarf- an Aromastoffer.