Chinesesch Provënzregierung: Drëtten "Designerbëbee" ass ënnerwee

© AFP
E chinesesche Wëssenschaftler huet schonn déi zweet genetesch manipuléiert Schwangerschaft ageleet.
Eng zweet Mamm ass der chinesescher Provënzregierung no duerch den Agrëff vum ëmstriddenen Dokter He Jiankui schwanger. D'Kand ass nach net op der Welt, mä et kënnt elo schonn ënner medezinesch Opsiicht, genee wéi déi zwee kleng Meedercher, déi schonn am November gebuer gi sinn.
Den Dokter He hat scho wärend engem medezinesche Kongress am November ugekënnegt, datt eng "zweet potentiell Schwangerschaft" bestoe kéint. Den Universitéitsprofesser, dee mëttlerweil vu senger Aarbecht fräigestallt ginn ass, huet an Experimenter de Puppelcher hiert Genmaterial esou geännert, datt d'Kanner virun enger HIV-Infektioun geschützt sollte sinn. Aacht Koppelen hu beim Experiment matgemaach, bei deenen d'Pappen HIV-positiv an d'Mammen HIV-negativ waren.
D'Provënzregierung beschëllegt den He, Etikdokumenter gefälscht ze hunn an express enger Iwwerwaachung aus dem Wee gaangen ze sinn. Ermëttler geheien him vir, et op "perséinlech Unerkennung" ofgesinn ze hunn. Aus dem Grond hätt den Dokter säi Projet och selwer finanzéiert. Dofir gëtt hien och elo vun der chinesescher Justiz zur Rechenschaft gezunn.
Am November zejoert si schonn zwee genmanipuléiert Bëbeeë mat den Nimm "Lulu" an "Nana" op d'Welt komm. Den Dokter hat de Kanner hiert genetescht Material mat der sougenannter Crispr/Cas9-Gentechnik (och Genschéier genannt) verännert. International ass dem Dokter säin Agrëff schaarf veruerteelt ginn.