Den däitsche Gesondheetsminister hat d'lescht Woch mat senger Behaaptung, deemno Kriibs an 10 bis 20 Joer kéint geheelt ginn, fir Diskussioune gesuergt.

Experte bezweiwelen dat a warne viru falschen Hoffnungen.

Elo huet hie seng ëmstridde Prognos op en neits verdeedegt. Et wéilt een de Kriibs endlech meeschter ginn, andeems een des Krankheet dominéiert, sou de Jens Spahn. Dat géif net einfach ginn. Mä grad dowéinst misst een dat mat Courage an Ambitiounen ugoen, huet den däitsche Gesondheetsminister an engem Interview mat der "Rhein-Neckar-Zeitung" vun dësem Méindeg betount.

Hien huet drop higewisen, dass Präventioun, Fréierkennung, Therapie a Fuerschung grouss Fortschrëtter géife maachen. De Jens Spahn huet Parallelle mam Kampf géint Aids gezunn. Virun 30 Joer hätt och kee geduecht, dass d'Liewenserwaardung mat enger HIV-Infektioun, déi gutt behandelt gëtt, sou héich ka sinn, wéi ouni Infektioun.