Den Donald Trump ass gesond, awer "fett"

Den Donald Trump huet an engem Joer e bësse bäigeholl, ass awer nach ëmmer bei „beschter Gesondheet“. Dat sot säin Dokter Sean Conley.
En Donneschdeg huet hien en neit Gesondheetsattest verëffentlecht.
Den 1 Meter 90 grousse Staatsmann weit sengem Dokter no 110,2 Kilo, zwee méi wéi zejoert. Hien huet héich Cholesterolwäerter a muss Medikamenter huelen. Seng Dosis Rosuvastatin gouf vun 10 op 40 Milligramm den Dag erhéicht.
Den Donald Trump huet e Body-Mass-Index vun iwwer 30 an ass domadder iwwergewiichteg. Säi Bluttdrock läit mat 118/80 e bësse méi niddreg wéi bei der leschter Ënnersichung (122/74). Säi Roubols läit bei 70.
Ausser Golf leet hien op Sport wéineg Wäert. Säi Virgänger Barack Obama war do anescht, dee war e richtege Fitnessfan.
Als kierperlech Aktivitéiten nennt den US-President Spadséiergäng um Terrain vum Wäissen Haus an d'Stoen op ëffentleche Manifestatiounen. Hien huet gäre Fast Food a Softdrinks.
Den 72 Joer ale Trump fëmmt awer net an drénkt keen Alkohol.