Am Verglach zu zejoert gëtt eng Progressioun vun 300 Prozent notéiert. Dat deelt d'Weltgesondheetsorganisatioun WHO zu Genf mat.

Ee Grond, firwat déi ustiechend- an eventuell liewesgeféierlech Krankheet sech nees méi ausbreet, wier deen, dass net genuch Impfunge géinge gemaach ginn.

Et goufe bis elo iwwer 112'000 Infektiounen an 170 Länner gemellt. Déi selwecht Zäit virun engem Joer goufen ronn 28'000 Fäll aus 163 Länner gemellt.