Den Ausseminister Xavier Bettel begréisst an engem Audiostatement un eis, datt no zwee Joer Krich en Deal fir Fridden am Noen Osten um Dësch läit.

Hie géif drop zielen, datt déi nächst Stonnen an Deeg Fridde bréngen. An da kéint hie "wierklech en Uff maachen", sou den Ausseminister. Déi humanitär Hëllef soll schonn de Weekend a Gaza ragelooss ginn. Déi israeelesch Geisele sollen e Méindeg fräikommen a virun allem solle jo d'Attacken ophalen. Dowéinst kéint een optimistesch sinn, datt et an déi richteg Direktioun geet, sou de Lëtzebuerger Diplomatiechef, deen den Ament zu Osaka a Japan ass.

Et wier elo natierlech wichteg, datt den Deal och ëmgesat gëtt, och dann nach wann d'Geisele fräi sinn.

Xavier Bettel: Den Deal muss elo ëmgesat ginn

Tatsaach wier awer, datt eenzel Detailer nach net kloer sinn, sou de Xavier Bettel. Ënnert anerem d'Verwaltung vun der Gazasträif nom Enn vum Krich.

Xavier Bettel: Och nom Deal bleiwen nach Froen op

Och wa keen et gegleeft hätt, wier den US-President Donald Trump, senger Meenung no, da wuel deen eenzegen, deen e gewëssenen Impakt konnt hunn. De Xavier Bettel huet och nach emol insistéiert, datt fir d'Regierung déi eenzeg Léisung fir de Konflikt am Noen Osten eng Zwou-Staate.Léisung ass. Lëtzebuerg huet jo och rezent zesumme mat anere Länner am Kader vun der UNO-Vollversammlung Palästina als Staat unerkannt.