Drëttwäermste September zanter Ufank vun den Opzeechnungen

© KARL-JOSEF HILDENBRAND / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Laut Copernicus war de September 2025, global gesinn, däitlech ze waarm. Déi weltwäit Duerchschnëttstemperatur louch bei 16,11 Grad Celsius.
Et war deen drëttwäermsten zanter Ufank vun den Opzeechnungen, sou d'Fuerscher. Domat war de néngte Mount vum Joer duerchschnëttlech 1,47 Grad méi waarm wéi an der pre-industrieller Zäit (1850 bis 1900).
Tëscht Oktober 2024 a September 2025 waren et souguer 1,51 Grad Celsius iwwert deem Wäert. Domat war een iwwert der wichteger Mark vun 1,5 Grad, bei där d'Weltgemeinschaft d'Äerderwiermung stoppe wëllt, fir katastrophal Suitten z'evitéieren. Als offiziell verfeelt gëllt d'Zil awer eréischt, wann et e puer Joer laang am Stéck net agehale ka ginn.
De September 2025 war laut Klimawandeldéngscht 0,27 Grad Celsius manner waarm wéi de Rekord-September 2023 an nëmmen 0,07 Grad méi kill wéi de September 2024.
Net just an Europa klammen d'Temperaturen
Virun allem am Südweste vun Europa klammen d'Temperaturen op ëmmer nei Rekordwäerter. Dobäi wiere Südfrankräich an déi Ibeeresch Hallefinsel besonnesch getraff gewiescht, sou Copernicus. A Spuenien wiere méi wéi 1.100 Persoune gestuerwe wéinst der Hëtzt, duerch Bëschbränn a Spuenien an a Portugal waren Dausende Mënsche gezwongen, hiert Doheem ze verloossen.
Ofgesi vun Europa klammen awer och a Sibirien an an der Antarktis d'Temperaturen. Rekorder goufen och gemooss am Noen Osten an an Asien, besonnesch a China, Japan an op der koreanescher Hallefinsel.
Och d'Weltmierer ginn ëmmer méi waarm
Laut Copernicus ergeet doraus net nëmmen eng weider Drénglechkeet fir d'Emissiounen ze reduzéieren, mä et wier och noutwenneg, dass ee sech u méi heefeg a méi intensiv Klimaextremer misst upassen.