De Konzern huet e Méindeg de Moie fréi bekannt ginn, dass trotz intensiven Efforten et net gelonge wier, den 178 Joer alen Traditiounsbetrib ze retten.

De Verwaltungsrot hätt dowéinst decidéiert, dass ee keen anere Choix hätt, wéi mat effet immédiat eng Faillitte an d'Wee ze leeden. Dat huet den zweetgréisste Reesoperateur an Europa um Méindeg de Moien op sengem Internetsite bekannt ginn. Nach bis e Sonndeg den Owend war mat Investisseuren iwwert eng zousätzlech Finanzéierung an Héicht vun ëmgerechent 226 Milliounen Euro verhandelt ginn.

De Konzern, deem ënnert anerem Neckermann an d'Fluchgesellschaft Condor gehéiert, hätt dës Sue gebraucht, fir kënnen an d'Zukunft vu sengen Aktivitéiten ze investéieren.

Thomas Cook Faillite / Rep. Annick Goerens (23.9.19)

Déi britesch Regierung huet no Donnéeë vum Premier Boris Johnson refuséiert dem Reesoperateur mat ëmgerechent ronn 170 Milliounen Euro ënnert d'Äerm ze gräifen. Dat wier een décke Batz u Steiergelder a géif eng moralesch Gefor duerstellen, fir de Fall dass de Konzern och an Zukunft mat wirtschaftleche Schwieregkeete konfrontéiert wier. Dat sot den Johnson géintiwwer britesche Medien. Thomas Cook hat déi britesch Regierung ëm finanziell Hëllef gefrot.

Weltwäit beschäftegt Thomas Cook 22.000 Leit. 9.000 dovu sinn a Groussbritannien aktiv. Direkt vun der Faillitte betraff sinn donieft ronn 600.000 Touristen, déi den Ament mat Thomas Cook an der Welt ënnerwee sinn.

Fligere vun Thomas Cook fléien net op oder vu Lëtzebuerg aus, dat huet eis de Moie LuxAirport confirméiert. Op Nofro bei der Lëtzebuerger Rees- a Fluchgesellschaft Luxair huet et weider nach geheescht, dass am Fall, wou eng Persoun an enger Thomas Cook Agence a Frankräich e LuxairTours Produit gebucht huet, deen och weiderhi gëllt, well Luxair seng Volle selwer operéiert.

Déi däitsch Fluchgesellschaft Condor huet hire Clienten iwwerdeems verséchert, dass een trotz de finanzielle Problemer vum Mammekonzern, weiderhin operationell bleift. Dat huet de Konzern op Twitter bekannt ginn. Fir Liquiditéitsenkpäss ze verhënneren, huet Condor een Iwwergangsprêt bei der däitscher Regierung ugefrot. Déi Demande gëtt den Ament iwwerpréift.

Eng 140.000 däitsch Touriste sinn den Ament mat Thomas Cook ënnerwee. Wéi si nees zeréck heemkommen, ass ongewëss. Wien haut oder déi nächst Deeg soll fléien, hat Pech. Condor däerf kee méi op d'Vakanzendestinatioun transportéieren.

A Frankräich sinn 10.000 Cliente betraff, an England 150.000 Mënschen. De briteschen Ausseminister Dominic Raab hat schonn e Sonndeg verséchert, dass d'Regierung zu London bereet wier, eng 150.000 britesch Touristen ze rapatriéieren. Domat wär dat déi gréisste Rapatriéierung an der britescher Geschicht zanter dem Zweete Weltkrich. Der BBC no, hätt dës Aktioun de Code-Numm „Matterhorn". Wéi britesch Medie mellen, wieren an der Nuecht op e Méindeg schonn déi éischt Fliger op déi verschidden Destinatioun geflunn, fir déi britesch Touristen heem ze bréngen.

Thomas Cook war an de leschte Joren ëmmer nees a finanziell Schwieregkeete geroden. Schonn 2012 haten direkt e puer Banken de Konzern mat Kreditter virun enger Faillitte gerett. De Konzern sëtzt op engem Bierg vu Scholden a Milliardenhéicht.