Et kommen ëmmer manner Touristen an déi katalanesch Haaptstad. Esou leeë Croisièresschëffer léiwer op Ibizia wéi zu Barcelona un.

Déi gewaltsam Protester am Katalounienkonflikt schueden dem Image vun der Stad. D'Zuel vun den Touristen ass däitlech zréckgaangen, Croisièresschëffer leeë léiwer op Ibiza un.

Hotelle bekloe sech iwwer ganz vill Stornéierungen. Och d'Restaurante leiden ënnert de Protester zu Barcelona.