No Faillitte
Chinesesch Grupp "Fosun" keeft Rechter um Numm "Thomas Cook"

© AFP
Scho virun der Faillitte war Fosun de gréissten Aktionär vun Thomas Cook.
No der Insolvenz vun Thomas Cook, iwwerhëlt e chinesesche Grupp elo den Numm vum britesche Reeskonzern. Wéi Fosun zu Hongkong annoncéiert huet, bezilt de Konzern dofir ëmgerechent ronn 12,7 Milliounen Euro. Ausserdeem iwwerhëlt Fosun déi zwou Thomas-Cook-Hotelschaînen. Fosun war scho virun der Faillite gréissten Aktionär vun der britescher Reesgesellschaft.
Am meeschte gelies