Ënner anerem war hien och als Auteur an Norwegen bekannt. Hien hat e Buch iwwert seng psychesch Problemer geschriwwen.

Den Ex-Mann vun der Prinzessin Märtha Louise, de Schrëftsteller Ari Behn huet sech ëmbruecht. 15 Joer laang war den 47 Joer alen Auteur mat der Prinzessin bestuet. 2017 hu se sech scheede gelooss.

Den Ari Behn huet ënner anerem zesumme mat senger Ex-Fra e Buch iwwert hier Hochzäit geschriwwen oder d'Buch "Inferno", wou hien seng psychesch Problemer thematiséiert huet, publizéiert.