De Biergerkrich am Sudan - Zwee Joer Krich, zéngdausenden un Doudegen

Eng Foto aus engem Camp zu Darfur, wou Leit ma Cholera behandelt ginn. / © afp
An dëser Serie konzentréiere mir eis geziilt op e Krich, e Konflikt oder e Problem op der Welt, deen dacks ze wéineg international Opmierksamkeet kritt.
Eng wichteg Aufgab vun de Medien ass et, d'Mënschen doriwwer z'informéieren, wat op der Welt Wichteges passéiert, och wann se selwer net op der Plaz sinn, fir et mat hiren eegenen An ze gesinn. Dobäi geroden allerdéngs verschidde Konflikter méi an de Vierdergrond wéi anerer, sou dass d'Impressioun opkënnt, dass verschidde Konflikter a Problemer déi et op eisem Planéiert ginn, méi wichteg wieren, wéi anerer.
Sou sinn, virun allem an de westleche Länner, beispillsweis de Krich an der Ukrain oder de Konflikt an der Gazasträif ganz staark representéiert, den 30 Joer ale Krich a Somalia oder d'Hongersnout a Länner wéi Haiti oder Sudan éischter wéineg bis quasi ni. Mir konzentréieren eis dohier an dëser Serie ausféierlech op déi Konflikter, déi international net genuch Opmierksamkeet kréien, obwuel se et méi wéi verdéngt hätten a ginn och deels drop an, wisou dës Konflikter tendéieren, wéi "Stéifkanner" behandelt ze ginn.
Zanter Abrëll 2023 ass am Sudan e brutale Biergerkrich, ausgeléist duerch Muechtkämpf tëscht der nationaler Arméi an engem paramilitäresche Grupp. Wat a sech als interne Konflikt ugefaangen huet, huet sech erschreckend séier zu enger reegelrechter humanitärer Katastroph entwéckelt. D'Resultat no gutt zwee Joer sinn Dausende vun Doudegen, Millioune Flüchtlingen an eben eng internationaler Communautéit, déi leider och hei de Fokus net genuch op dësem Konflikt huet.
De Sudan läit am Nordoste vun Afrika an ass geographesch staark duerch eng Wüste-Regioun am Norden an eng Savann am Süde markéier. De Biergerkrich am Sudan huet seng Wuerzelen an engem laangjärege Muechtkampf tëscht der Arméi (Sudanese Armed Forces – SAF) an der paramilitärescher Grupp "Rapid Support Forces" (RSF). Béid Gruppen haten ursprénglech zesumme geschafft, fir de President Omar al-Bashir am Joer 2019 ze stierzen. Duerno hu si e Militärischen Iwwergangsrot forméiert. Dëse Rot sollt dunn de Wee zu enger demokratesch gewielter Regierung preparéieren.
Mee am Oktober 2021 koum et zu engem neien Coup d'Etat, organiséiert vun de selwechte Generälen – Abdel Fattah al-Burhan (SAF) an Mohamed Hamdan Dagalo alias „Hemedti“ (RSF). D’Spannunge tëscht deenen Zwee hu sech ëmmer méi verschäerft, besonnesch wéinst der Fro, wéi déi paramilitäresch RSF an d’staatlech Sécherheetsstrukturen integréiert solle ginn. Dësen interne Muechtkampf ass dunn definitiv den 15. Abrëll 2023 eskaléiert. Et ass zu oppene militäresche Kämpf an der Haaptstad Khartoum komm, déi sech séier op aner Regiounen am Sudan ausgebreet hunn.

Deel vun der sougenannter Sudanese Armed Forces – SAF / © Photo by EBRAHIM HAMID / AFP
Eng humanitär Katastroph mat dramateschen Zuelen
Zënter dem Ausbroch vum Krich si méi wéi 12.000 Mënschen offiziell gestuerwen, d’UNO schwätzt vun dëser Zuel fir d’Period bis Dezember 2023. Aner offiziell Schätzunge schwätze souguer vu bis zu 150.000 Doudegen an nëmmen zwee Joer. Genee Zuelen sinn och hei wéi sou dacks schwéier s'erfaassen, dat well net systematesch Date gesammelt ginn a well d'Gewalt am Sudan, virun allem eben do, wou Leit stierwen, immens intensiv ass an eng Korrespondenz no bausse schwiereg ass. Virun allem den Zougang vu baussen an d'Land ass am Moment vill ze geféierlech.
Dobäi kommen dann déi Millioune Leit, déi wéinst der Gewalt, awer och op Grond vum Klima oder Honger aus hiren Haiser, Wunnengen, Dierfer a Stied gedriwwe ginn. An de leschte Joren ass dës Zuel explodéiert. Et geet een dovunner aus, dass méi wéi 8 Millioune Mënschen am Sudan aus dem Land, oder op alle Fall aus hirer Heemescht, verdriwwe goufen. Iwwert d'Hallschent vum Land, also eng 25 Millioune Leit, sinn, esou Schätzungen, op humanitär Hëllef ugewisen, ronn 750.000 Leit, dorënner virun allem Kanner a Fraen, solle kuerz virum erhéngere sinn. D’Zuel vun de Kanner, déi un Ënnerernierung leiden, ass a kuerzer Zäit reegelrecht explodéiert. Dobäi kënnt dass eng Abberzuel u Spideeler zerstéiert goufen, d'Waasser- a Stroumversuergung ass an de meeschte Regiounen zesummegebrach.
Dobäi kënnt, dass de Sudan eent vun deene Länner ass, dat besonnesch empfindlech op d’Auswierkunge vum Klimawandel reagéiert. D’Kombinatioun vun extremer Variabilitéit am Wieder, Periode vun Dréchent, Waassermangel an Land-Degradatioun huet zu enger massiver Ressourcë-Knappheet gefouert. Besonnesch am Westen vum Land, an der Regioun Darfur, ass d'Situatioun besonnesch prekär.

Bléck aus engem zerstéierte Gebai op d'Haaptstad Khartoum. / © Photo by AHMED SATTI / ANADOLU / Anadolu via AFP
Brennpunkt Nummer 1 am Sudan: Massakeren an der Regioun Darfur
Zënter 2003 ass d’Regioun Darfur am Westen vum Sudan Schauplaz vun engem brutale Konflikt, dee bis haut unhält an et virun allem am Moment besonnesch schlëmm ass. D’Gewalt huet mat engem Opstand vun zwou Rebellegruppen ugefaangen, déi géint d’Benodeelegung an d'Ënnerdréckung vun der Regioun säitens der deemoleger Regierung protestéiert hunn. D’Regierung zu Khartum huet hei mat brutaler a stuerer militärescher Gewalt reagéiert an déi arabesch Milizen, bekannt als Janjaweed, ënnerstëtzt.
Dës Milizen si verantwortlech fir jorelaang systematesch Massakeren un der Zivilbevëlkerung, besonnesch géint d’ethnesch Gruppen wéi d'Fur, d'Masalit oder d'Zaghawa, déi als "schwaarz-afrikanesch" gëllen. D’Attacke goufen als Genozid klassifizéiert, mat iwwer 300.000 Doudege bis 2008 an iwwer 2,7 Milliounen Persounen déi verdriwwe goufen. Den International Criminal Court huet och an de leschte Jore Membere vun der sudanesescher Regierung wéinst Verbrieche géint d’Mënschheet ugeklot.
Zënter 2023 huet sech d’Situatioun erëm zu Darfur verschäerft, mat neie Massakeren duerch déi paramilitäresch Rapid Support Forces (RSF), déi aus den Janjaweed ervirgaangen ass. Am Abrëll 2025 goufen iwwer 100 Leit an Flüchtlingslageren ëmbruecht, dorënner Kanner an Hëllefsaarbechter. D’UN warnt virun enger Eskalatioun vun ethnesch motivéierter Gewalt, déi den elo schonn extrem grave Konflikt nach eemol dramatesch verschlëmmer kéint.
Politesch Lämung an internationalen Desintresse
Déi sudanesesch Regierung ass praktesch net méi existent. Et gëtt keng funktionéierend Verwaltung, keng demokratesch Kontroll, keng Sécherheet. D’Weltgemeinschaft kuckt gréisstendeels ewech. Wéi och bei Somalia, Haiti oder dem Jemen, krut de Sudan bis elo wéineg Opmierksamkeet – weder an de Medien nach an der internationaler Politik. Dobäi ass d’Kris net nëmmen eng humanitär, mee och eng geopolitisch Bedrohung fir déi ganz Regioun.
D’politesch Lämmung ass d’Resultat vun engem Muechtvakuum, wou militäresch Interessen, wirtschaftlech Ausbeutung an ethnesch Spannungen eng positiv demokratesch Entwécklung blockéieren. D’Konsequenze sinn massiv Gewalt, humanitär Krisen an eng Zukunft ouni Perspektiv fir d'Bevëlkerung, virun allem fir vill jonk Sudanesen.
Vill Regiounen, besonnesch eben Darfur, awer och Kordofan an d’Haaptstad Khartoum, sinn fir Hëllefsorganisatiounen net méi zougänglech. Duerch Konflikter, Naturkatastrophen an Infrastruktur-Problemer riskéieren Journalisten, medezinescht Personal an Hëllefsorganisatiounen an der Reegel hiert Liewen fir am Land hir Aarbecht korrekt kënnen ze maachen. D’UNO huet gewarnt, dass de Sudan zu engem sougenannte „black hole“, also engem schwaarze Lach fir international humanitär Hëllef zeginn.
De Sudan steet um Rand vun engem komplette Kollaps. D’Kombinatioun aus Gewalt, politescher Instabilitéit, klimatesche Stressfaktoren an internationaler Ignoranz mécht d’Kris zu enger vun de komplexsten an trauregsten op der Welt. Zënter dem Ausbroch vum Biergerkrich am Abrëll 2023 ass de Sudan an eng vun de momentan gréisste humanitäre Katastrophen vun eiser Zäit gerutscht. D’Konfliktparteien, also d Sudanese Armed Forces (SAF) an d’Rapid Support Forces (RSF) féieren e brutale Muechtkampf, dee mëttlerweil eng ganz Gesellschaft zerstéiert huet.