De Literaturnobelpräis 2020 geet un d'US-Amerikanerin Louise Glück

De prestigiéise Präis geet un eng US-amerikanesch Schrëftstellerin, déi de Fokus vun hirem Wierk op de Mënsch setzt, dat op eng ganz poetesch Aart a Weis.
2020 geet de Literaturnobelpräis un d'Louise Glück aus den USA, dat fir hir, wéi et säitens der Akademie heescht "onverkennbar poetesch Aart a Weis" de Mënsch als "Individuum an de Mëttelpunkt ze stellen an dësen als universell duerzestellen".
Dat huet déi schwedesch Akademie en Donneschdeg um 13 Auer bekannt ginn. De Präis gëtt dëst Joer mat 950.000 Euro (10 Millioune schwedesch Krounen) dotéiert.
D'Louise Elisabeth Glück ass den 22. Abrëll 1943 zu New York gebuer. Hiren éischte Gedichtband mam Titel "Firstborn" gouf schonn am Joer 1968 geschriwwen.
D'Wierk vun der Universitéitsprofessorin (Yale) a Gewënnerin vum Präis ëmfaasst 12 gréisser Kollektioune mat Gedichter an eng ganz Rei un Essayen iwwert Literatur an d'Schreiwen.

© SAUL LOEB / AFP
De Literaturnobelpräis stoung jo rezent an engem méi schlechte Liicht, dat am Kader vu Virwërf wéinst sexueller Belästegung am Comité.
2018 gouf dohier d'Zeremonie ausfale gelooss, 2019 sinn dofir 2 Gewënner genannt ginn.