Viru ronn 20 Joer sollen d'Bicher vum Naturfuerscher Charles Darwin aus der Bibliothéik verschwonne sinn. D'Police gouf awer elo eréischt informéiert.

Dowéinst huet Interpol d'Wierker och an d'Datebank vu geklaute Konschtobjeten opgeholl.

An engem vun de Bicher ass d'Skizz vum Darwin sengem "Bam vum Liewen" dran, déi d'Grondlag vu senger Theorie vun der natierlecher Selektioun ass. Dëse Stammbam ass d'Symbol vun der Evolutiounsfuerschung.

Fir d'lescht gesi goufen d'Bicher am Joer 2000, wéi se fir e Fotoshooting aus dem Sall geholl goufen. Vermësst goufe se eng éischt Kéier e Joer méi spéit, ma deemools sinn d'Bibliothekären nach dovunner ausgaangen, datt se falsch ageraumt goufen. An der Bibliothéik vun der Uni Cambridge ginn et eng 10 Millioune Bicher, Handschrëften a Kaarten.

Wéi awer dëst Joer déi ganz Bibliothéik no de Bicher ofgesicht gouf, goufe se trotzdeem net erëmfonnt. Dowéinst geet een elo dovunner aus, datt se geklaut goufen an et huet een Plainte gemaach. De geschätzte Wäert läit bei ronn enger Millioun Pond, also 1,12 Milliounen Euro.