Et wier de gréisste Bedruchsskandal an der Geschicht vum US-Bundesstaat, heescht et vun den Autoritéiten.

De ganze Skandal geet esou wäit, datt op Youtube e Museksvideo publizéiert gouf, wou de Geck mat der Agence fir Aarbecht EDD gemaach gëtt a gewise gëtt, wéi einfach et ass, fir illegal Corona-Chômage ze kréien.

Néng vun de regionalen oder lokale Parqueten am Bundesstaat hu sech elo zesummegedoen, fir an dësem Fall z'ermëttelen. Haaptverdächteger sinn zéngdausende vu Prisonéier aus de verschiddenste Prisongen aus dem Land, deels awer och Membere vun hirer Famill. Et wier de gréisste Bedruchsskandal an der Geschicht vu Kalifornien, sot d'Anne Marie Schubert vum Parquet vu Scramento.

Bis August goufen offiziell 117 Milliounen Euro u Prisonéier ausbezuelt. Dës Zomm kéint awer nach an d'Luucht goen, well nach net all d'Nimm vun de Leit, déi Sue kruten, kontrolléiert goufen. D'Schubert fäert, datt d'Zomm bis op 840 Milliounen Euro kéint eropgoen. Ënnert de Leit, déi Sue kritt hunn, si Mäerder, Vergewalteger an aner Leit, déi de Recht vun hirem Liewen am Prisong musse sëtzen. Eleng aus dem Deel vum Prisong San Quentin, wou d'Prisonéier sëtzen, déi zum Doud verurteelt goufen, krut een 133 Demanden.

Well ee wärend der Corona-Pandemie vill Aarbecht hat, goufen d'Reegele bei de kaliforneschen Autoritéite méi labber gemaach. Esou goufen d'Nimm vun de Persounen, déi eng Demande op Chômage gemaach hunn, net méi mat der Lëscht vu Prisonéier verglach. Dobäi hunn déi Onéierlech emol net ëmmer hir richteg Nimm benotzt, mä gäre Mol "John Doe" (déi US-Versioun vum "Max Mustermann") oder "Poopy Pants" uginn.

Dëse Bedruch huet awer nach e weideren negativen Effekt. Dem kalifornesche Staat feelt et aktuell dowéinst u Suen an esou hu vill Aarbechter vum Staat, och Leit, déi an de Prisonge schaffen, an de leschte Woche missten op Deeler vun hirer Paie verzichten, dat op bis zu 10 Prozent.