Nodeems de Kremlkritiker Alexej Nawalny festgeholl gouf, wëlle seng Supporter a ganz Russland op d'Stroosse goen a fuerderen, datt hie fräigelooss gëtt.

Knapp eng Woch no der Arrestatioun vum Kreml Kritiker Alexei Nawalny a Russland hu seng Supporter e Samschdeg an iwwer 70 Stied a Russland a ronderëm d'Welt protestéiert. Och hei zu Lëtzebuerg. Hei gouf d'Fräiloossung vum Oppositionelle gefuerdert. Dëse gouf jo e leschte Sonndeg no senger Arrivée zu Moskau aus Däitschland op der Plaz festgeholl a kuerz drop eng éischte kéier verurteelt. An engem 2. Prozess riskéiert de Politiker eng Prisongsstrof vun 3 an engem hallwe Joer.

E Samschdeg de Moie goungen déi éischt Leit schonn zu Chabarowks, am Oste vu Russland op der Grenz vu China, op d'Stroossen. Wéi lokal Sourcë mellen, koum et zu Ausschreidungen an Arrestatiounen – iwwer 2.000 Leit goufe festgeholl a mat Gefaangenentransporter ewechbruecht. Leit, déi Kanner matbruecht hunn, sollen iwwerdeems streng bestrooft ginn. AFP-Journaliste schätzen, dass zéngdausende Mënschen e Samschdeg protestéiert hunn, eleng ronn 20.000 zu Moskau an iwwer 10.000 zu St. Petersburg.

Zu den Demonstratiounen hat den Nawalny perséinlech opgeruff. Ënner anerem 2 vu sengen enksten Alliéierten – Lyubov Sobol an d'Kira Yarmysh - goufen en Donneschdeg festgeholl. E belarusseschen Affekot fir dem Nawalny seng Anti-Korruptioun-Fondatioun gouf aus Russland expulséiert. De Kreml hat virun der Participatioun un net-autoriséierten Aktioune gewarnt. De russesche Sécherheetsdéngscht hat ugekënnegt, alles ze maachen, fir Demonstratiounen ze verhënneren. Déi grouss Leadere sollten e Samschdeg net mat trëppelen.

D'Ioulia Navalnaïa, dem Kreml-Kritiker Nawalny seng Fra, gouf och e Samschdeg de Mëtteg op enger Demonstratioun zu Moskau festgeholl. Si huet eng Foto aus dem Policewon op hirem Instagram-Account gedeelt.

Iwwerdeems organiséiert déi russesch Oppositioun hire Widderstand. D'sozial Medien, virun allem TikTok, gëtt benotzt, fir d'Leit ze motivéieren, eraus op d'Stroossen ze goen. Iwwer 100 Millioune Mol goufen Opriff zur Protestaktioun do scho gekuckt.

Och zu Lëtzebuerg gouf demonstréiert

Iwwer d'sozial Medien hu sech och d'Leit e Samschdeg hei zu Lëtzebuerg virun der russescher Ambassad versammelt. Eng knapp 100 Persounen hunn hir Onzefriddenheet matgedeelt. Et wier eng grouss Fräiheet, vu Lëtzebuerg aus dierfe matzeprotestéieren.

Putin wéinst Palais an der Kritik

Kuerz Videoen iwwert de Putin an Nawalny sinn en Trend op all de grousse Plattformen. Virun allem no engem 2 Stonne laange Recherche-Video, deen dem Nawalny säin Team no senger Arrestatioun dës Woch publizéiert hat. Et geet ëm e Palais fir de Putin – en iwwer 17.000 Metercarré Gebai op der Küst zum schwaarze Mier. Dem Naalny säin Team huet iwwert e Bauplang eng Animatioun maache gelooss, déi de Palais vu banne weise soll. Deier Luxus-Miwwelen, e Casino... D'Gebai, wat 1,3 Milliarden Euro soll kaschten, esou de Reproche, sollen enk Kolleege vum Putin aus grousse russeschen Entreprisë bezuelen. 60 Millioune Mol gouf de Video scho gekuckt. E weidere Schock fir den Image vum russesche President.

Op der anerer Säit vum Kontinent sëtzen déi europäesch Spëtzeleit zesummen an diskutéiere weider Sanktioune géint Russland wéinst der Nawalny-Affär. Gefuerdert gëtt d'Späre vu Konten an d'Verbidde vu Reese vun alle Persounen, déi un der Arrestatioun an Inhaftéierung vum Oppositiounspolitiker bedeelegt waren.