Denkt ee momentan u Südafrika, denkt ee vläicht manner u 25 Grad an 10 Stonne Sonn den Dag.

Warscheinlech kënnt engem éischter déi südafrikanesch Virus-Mutatioun an de Sënn. Dagdeeglech gëtt jiddefalls doriwwer an der Press bericht.

Mir hu mat engem Lëtzebuerger geschwat, deen zënter 5 Joer a Südafrika lieft. Wéi ass d’Situatioun grad do ënnen? Wéi gëtt bei hinnen iwwert d’Virus-Variant geschwat a wéi een Impakt huet de Covid allgemeng a Südafrika?