Lëtzebuerger TemoignageVirus setzt Groussbritannien ënner Drock

RTL Lëtzebuerg
Déi nei Corona-Mutatioun breet sech rasant a Groussbritannien aus. D’Zuel vun den Neiinfektiounen ass horrend an d’Spideeler schaffen ënner Dauerdrock.
Lëtzebuerger Temoignage vu London
D’Corona-Situatioun a Groussbritannien wier katastrophal, esou den Thierry Schoen, deen zu London wunnt.

A manner wéi 3 Woche kéint de brittesche Gesondheetssystem kollabéieren. Massenimpfunge sollen d’Pandemie op der Insel elo bezwéngen. De Frank Elsen huet an deem Zesummenhang mat engem Lëtzebuerger geschwat, deen zu London wunnt.

Besonnesch dramatesch ass d’Corona-Situatioun zu London. D'7-Deeg-Inzidenz läit an Tëscht bei iwwer 1.000. Vill Ambulanze musse mat Noutfäll baussent de Spideeler waarden. D’Covid-19-Intensivstatioune sinn hoffnungslos iwwerfëllt an d’'Fleegepersonal ass verzweiwelt. D’Situatioun wier katastrophal, esou den Thierry Schoen, deen zu London wunnt.

Dowéinst huet déi brittesch Regierung decidéiert, esouvill Mënsche wéi méiglech déi éischt Impfung ze ginn. Déi zweet Impfung soll bannent 12 Woche gemaach ginn. Bis ewell goufen 2,3 Millioune Bierger mat där éischter Dosis geimpft. 300.000 Leit krute souguer schonn déi zweet Dosis. An Zukunft sollen 1.000 Impfzenteren zur Verfügung stoen.

Zanter Deeg ginn all Dag tëscht 50.000 a 60.000 Neiinfektioune mam Virus gemellt. Zu London ass bis ewell all 30. mam Virus infizéiert. Responsabel fir dat séiert Ausbreede mécht d’Regierung ënner anerem déi nei a wuel nach méi ustiechend Virus-Variant, déi an Deeler vum Land present ass. Well awer an engem Deel vun de Secteure weidergeschafft ka ginn, wier d’Zuel vun den Neiinfektiounen héich.

Zanter dem 5. Januar gëllt a Groussbritannien een haarde Lockdown. Vun e Freideg de Moien un dierf een dann och nëmmen nach mat engem negativen Corona-Test a Groussbritannien areesen. Zousätzlech muss een dono 10 Deeg a Quarantän.

Lëtzebuerger am Corona-Ausland: De Richard Philippart iwwert d’Situatioun am Laos
Lëtzebuerger am Corona-Ausland: Ënnerschiddlech Länner - ënnerschiddlech Mesuren
Lëtzebuerger am Corona-Ausland: Streng Ausgangsspär a Griicheland
Lëtzebuerger am Corona-Ausland: Den Olivier Klein iwwert d’Situatioun zu Hongkong
Lëtzebuerger am Corona-Ausland: D’Martine Greischer iwwer d’Situatioun a Bolivien

Back to Top
CIM LOGO