Op ville Plaze bei eisen Nopere ginn d'Reegele méi labber

© RTL Archiv
E groussen Ënnerscheed zu de Woche virdrun dierft d'Akafe sinn. Dëst ass elo deelweis nees méiglech.
Däitschland geet an déi nächst Phas. Jee no Regioun geet haut déi 3. Phas vun der Ouverture un. Vun e Méindeg u sinn nees méi Kontakter erlaabt, och kënnt elo nees méi Liewen a Geschäfter, Muséeën, Kosmetik-Studioen a Schoulen.
Sou dierfen elo nees 5 Mënschen aus zwee Stéit sech treffen, ma och hei géifen et kleng Ënnerscheeder ginn, ebe jee no Bundesland. Kanner ënner 14 Joer zielen net mat.
Beim Akafen ass et esou, dass bei enger Inzidenz vu manner wéi 100 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner d'Geschäfter fir eng begrenzten Zuel u Clienten nees däerfen opmaachen, dat mat engem Rendez-vous, bei engem Wäert vu manner wéi 50 an engem Bundesland oder enger Regioun, dierfen d'Geschäfter sou opmaachen, dat ouni Rendez-vous, awer fir eng begrenzten Unzuel u Leit. Wéi an der däitscher Press ze liesen ass, gëllt dëst souwuel fir Rheinland-Pfalz, wéi och deelweis fir d'Saarland. Ma et gëllt natierlech Maskeflicht an d'Ofstandsreegel, et ass ee Client op 10 Quadratmeter virgesinn. Am Saarland muss deelweis nach mat Rendez-vous gefuer ginn. Méi Infoen zu Tréier ginn et hei.
Änlech Reegele wéi beim Akafe ginn et och beim Opmaache vu Muséeën a Galerien. Och hei gëllt den Inzidenzwäert vun enger Regioun oder engem Bundesland. A ville Bundeslänner géif souguer do nach eng Woch oder méi laang gewaart ginn.
De Coiffeur ass schonn zënter dem 1. Mäerz op, aner "Kierper-no" Servicer wéi Massagë sollen elo nees ënnert strenge Mesuren opgoen. Meeschtens sinn hei Massagen, awer och Kosmeetik, Tattoostudioen a Pedikür gemengt.
Beim Sport dierfe bei engem Inzidenzwäert vun ënner 50 nees 10 Leit an der frëscher Loft Sport maachen, bei bis zu engem Wäert vun 100 sinn et ëmmerhin nach 5 Persounen aus 2 Stéit. Kanner bis 14 Joer dierfe bis zu 20 Leit bausse Sport maachen. Och hei ginn et jee no Bundesland Ausnamen.
An de Schoule gëtt et dann och no an no nees Presenzunterrecht. Hei gëtt awer vu Land zu Land ënnerschiddlech verfuer.

© Däitsch Bundesregierung