Mann vun 18 Joer begleet de Jeff Bezos en Dënschdeg an de Weltraum

En Dënschdeg wäert den Amazon-Grënner Jeff Bezos an de Weltraum fléien. En Ticket, fir mat dobäi kënnen ze sinn, huet sech e Student geleescht.
Den 18 Joer jonken Oliver Daemen flitt den 20. Juli als éischte Client, dee sech en Ticket kaf huet, mat an de Weltraum. Dat huet dem Bezos seng Raumfaartentreprise Blue Origin en Donneschdeg matgedeelt. Domat ass hien de jéngste Mënsch an der Geschicht, deen an den All flitt.
Hien erfëllt sech domat e Liewensdram, sou Blue Origin. Den Oliver wier zanter sengem 4. Liewensjoer vum Weltraum, dem Mound a Rakéite begeeschtert.
U sech sinn et de jéngsten an den eelste Mënsch, déi sech en Dënschdeg a Richtung Orbit maachen. Uganks Juli hat Blue Origin matgedeelt, dass déi 82 Joer al Pilotin Wally Funk beim éischte bemannte Fluch vun der privater Raumfaartentreprise dobäi ass. Nach mat u Bord de Bezos héchstperséinlech a säi Brudder Mark.
Net matfléien, wäert dogéint en anonymme Passagéier, dee bei enger Online-Stee 28 Milliounen Dollar - knapp 24 Milliounen Euro - bezuelt hat. Hie wier wéinst anere Rendez-vouse verhënnert a wäert un enger spéiderer Missioun deelhuelen.
Wéi vill den Oliver Daemen fir säin Ticket bezuelt huet, gouf net matgedeelt. Hien hat eréischt d'lescht Joer seng Schoul ofgeschloss an ee Bréckejoer ageluecht, fir seng Lizenz als Pilot ze kréien. Am September ass hien da lancéiert, fir seng Etüden an der Physik an am Innovatiounsmanagement un der Universitéit Utrecht an Holland.
Beim Fluch wäert eng Rakéit, déi an der texanescher Wüüst start, eng futuristesch Passagéierkapsel an de Weltraum transportéieren. D'Kapsel erreecht eng Héicht vu ronn 100 Kilometer an domat déi sougenannte Kármán-Linn, déi d'Grenz tëscht der Äerdatmosphär an dem Weltraum markéiert. Do kënnen d'Passagéier dann e puer Minutte laang "Schwerelosegkeet" erliewen a kënnen d'Krëmmung vun der Äerd vu ganz uewe bewonneren.
Rakéit a Kapsel fléie getrennt vuneneen nees op d'Äerd zeréck. D'Passagéierkapsel gëtt dobäi vun 3 Fallschiermer gebremst a soll dann nees an der texanescher Wüüst landen.
Leschte Sonndeg war jo schonn de brittesche Milliardär Richard Branson mat senger eegener Raumfaartentreprise Virgin Galactic an de Weltraum geflunn an hat d'Course vun de Superräichen an den All fir sech decidéiert.