De Rapport géif weisen, datt d'Verhale vum Mënsch déi global Äerderwiermung op eng alarmant Manéier virun dreift, sou den Alok Sharma.

Den neie Rapport vum Weltklimarot ass déi däitlechst Warnung virum Klimawandel, déi et bis elo gouf.  Dat seet de President vum UN-Klimasommet COP26, den Alok Sharma.

De Rapport géif weisen, datt d'Verhale vum Mënsch déi global Äerderwiermung op eng alarmant Manéier virun dreift, esou de brittesche Staatssekretär e Sonndeg an der Zeitung "Observer".

Mir kéinten eis et net leescht nach zwee, fënnef oder zéng Joer ze waarden. D'Suitte vun der globaler Äerderwiermung wieren elo schonn däitlech ze gesinn. Iwwerschwemmungen an Europa a China, Bëschbränn, Rekordtemperaturen. All Dag géife mer op déi eng oder aner Manéier en neie Rekord erliewen.

Den éischten Deel vum neie Rapport vum Weltklimarot gëtt e Méindeg virgestallt.

Et geet ëm d'Fro, wéi d'Ziel vum Klimaofkommes vu Paräis nach kann areecht ginn. Dat heescht wéi d'Äerderwiermung op 1,5 Grad respektiv däitlech op manner wéi 2 Grad ka limitéiert ginn.

De Rapport soll um Enn och an d'Diskussiounen op der UN-Klimakonferenz am November zu Glasgow afléissen.