Zu São Paulo ass den EU-Landwirtschaftskommissär Christophe Hansen als Wirtschaftsdiplomat ënnerwee.

Mat him reese bal 80 Entreprisen a Verbänn aus dem Agrar- a Liewensmëttelsecteur, déi de südamerikanesche Marché besser wëlle kenneléieren.

"Ech mengen de Feedback ass bis ewell ganz positiv“, seet den CSV-Politiker. "Et ass eng grouss Demande och vun der brasilianescher Säit fir eis Produkter. An ech sinn zouversiichtlech, datt déi hei Missioun och vill positiv Retombéeë bréngt fir eis Agrar- a Liewensmëttelproduktioun zu Lëtzebuerg an an der EU.“

D’Rees kënnt zu engem Zäitpunkt, wou d’EU-Mercosur-Ofkommes zwar verhandelt, awer nach net a Kraaft ass. Mat der Missioun wëll de Christophe Hansen den Terrain preparéieren, sou datt europäesch Produzenten direkt profitéiere kënnen, wann d’Handelsbarrièrë falen.

Am Journal vum Samschdegowend kënnt e weidere méi laange Reportage.