Dee Mann huet definitiv deem Falsche geglach.

En englesche Formel-1-Fan vu 54 Joer vu Liverpool ass e Samschdeg no dräi Deeg am Prisong an Holland fräi komm. Hie war mat engem sizilianesche Mafiaboss verwiesselt ginn a vun engem schwéier arméierte Policekommando e Mëttwoch an engem Restaurant zu Den Haag festgeholl ginn.

Den Englänner, deen u sech nëmmen d'Formel 1 op Zandvoort wollt kucken, koum an en Héichsécherheetsprisong. Sengem Affekot no hätt hie sech wéi an engem schlechte Film gefillt. Schlussendlech huet de Parquet ordonéiert, hie misst direkt fräi kommen wéi seng Identitéit iwwerpréift war.