Den Afghanistan, sechs Méint nodeem d'Taliban d'Muecht iwwerholl hunn. E Land tëscht Verzweiwlung an engem Hauch un Hoffnung.

Um Hindukusch spillt sech den Ament eng onheemlech mënschlech Tragedie of. D'Wirtschaft, déi virum 15. Juli d'lescht Joer schonn op wackelege Féiss stoung, ass zanterhier ganz zesumme gebrach. D'Kapital gouf vun der Internationaler Communautéit agefruer. 90 Prozent vun den Afghanen hunn den Ament manner wéi zwee Dollar den Dag fir ze liewen. Virop an de Stied kréien d'Taliban awer 20 Joer westlechen Afloss net einfach ënnerdréckt.

Vir Milliounen un Afghanen ass hir Heemecht den Ament d’Häll op Äerd. An de Stroossen vu Kabul spille sech schockant Seenen of. Kanner sichen op der Strooss no Reschter vun Iessen, no iergend eppes wat se fir e puer Afghani weiderverkafe kéinten.

55 Prozent vun der Populatioun, also eng 24,4 Millioune Mënschen, sinn op humanitär Hëllef ugewisen. Zanter se zeréck un der Muecht sinn, gi sech déi radikal Islamesch Taliban no Bausse méi moderat, wéi wärend hirer éischter Herrschaft, tëscht 1996 an 2001.

A Wierklechkeet erstéckt de Regime awer seng eege Leit. E Grupp couragéiert Fraen traut sech an der Haaptstad op d'Strooss, fuerdert d’Taliban eraus. Demonstrativ doen se hir Burka aus, trëppele se mat Féiss.

"Iessen, Aarbecht, Fräiheet", ruffe se. En Taliban luet seng Waff. Dës virop jonk Frae riskéieren hiert Liewen.

"Déi 20 lescht Jore waren net ëm soss. Et ass e gewëssent Selbstvertrauen, virop an déi jonk Leit erakomm. D'Taliban ware bis virun 20 Joer do. Déi 20 Joer duerno si markéiert, mengen ech, virun allem duerch d'Educatioun, awer och déi vun der Stäerkung vun hirer Identitéit. Si wëllen net méi gesot kréien, vun de Leit mat Bäert, wat se ze maachen hunn a wat se net ze maachen hunn. Allerdéngs, do muss ee kloer gesinn, datt déi Kategorie, déi am meeschten dorënner leit, dat sinn d'Fraen an et sinn d'Meedercher", esou d'Reaktioun vum Ausseminister Jean Asselborn.

40 Joer Krich hunn Generatioune markéiert. Physesch, psychesch. An elo? Wéi gesäit d’Zukunft aus? Déi nächst Méint kéinten entscheedend ginn.

Bréngen d'Taliban et fäerdeg, d'Land zesummen, vereenegt ze halen? Oder wäerte se virop an de Stied d’Kontroll verléieren, iwwerdeems d’Leit um Land hinnen éischter schéngen trei ze bleiwen?

Wäerten d’Taliban d’Land weider der Sharia no regéieren, am Widdersproch zu de Mënscherechter? Oder ka sech nees ee méi moderaten Islam duerchsetzen?

Op engem Ament wou d’Wirtschaft um Buedem läit, de Chômage d’Populatioun an d’Aarmut zitt. Wou méi wéi ee Kand vun zwee ënner fënnef Joer riskéiert, dëse Wanter ënner akuter Ënnerernierung ze leiden.

"Et ass net ze wënschen de Leit, datt et esou schlecht geet, datt effektiv och d'Taliban agesinn, datt dee System wéi se mat de Leit ëmginn, datt dat net fonctionéiert. Allerdéngs bis dohi riskéiert nach immens vill Misär ze geschéien. Et misst zesummebriechen, fir datt erëm nei kéint opgebaut ginn. Ech hoffen nach ëmmer, datt virun allem zwee Länner och do mathëllefen. Dat ass Russland an dat ass China. Och um Niveau vun de Vereenten Natiounen. Ech hoffen och, datt mer et an der Europäescher Unioun fäerdeg bréngen, datt net nëmmen, wa mer iwwer Afghanistan schwätzen, nëmme kéng Flüchtlingen an eist Land gëllt", esou den Ausseminister weider.

Eng Politesch Situatioun, bei déi och nach den Impakt vum Klimawiessel kënnt. D’Dréchent huet déi lescht drëtt Joer zougeholl. Ganz Däller goufen zur Wüüst. D’Véi ass erdiischtert. Wat als nees Migratioun a Richtung Stied provozéiert huet. Mënschen, déi den Ament bei Temperature vu bis Minus 19 Grad an Zelter, vun Dag zu Dag géint Keelt an Honger kämpfen. Ugewisen op International Hëllef.