Enn vum militäreschen Anti-Terror-Asaz am Mali

© AFP/Archives/Philippe DESMAZES
Frankräich kënnegt un, sech mat sengen europäeschen Alliéierten aus dem afrikanesche Mali zeréckzezéien.
D'Situatioun am Mali ass an der jéngster Vergaangenheet ëmmer méi kritesch ginn. De franséische President Emmanuel Macron huet en Donneschdeg de Moien dowéinst, ënnert anerem un der Säit vum permanente Rotspresident Charles Michel an dem President vun der Afrikanescher Unioun Macky Sall, annoncéiert, datt Frankräich, seng europäesch Partner a Kanada e Schlussstréch ënnert hire militäreschen Anti-Terror-Asaz am westafrikanesche Land zéien. Bal 10 Joer waren déi franséisch Truppen am Mali present.
Et kéint een net un der Säit vun Autoritéite militäresch aktiv bleiwen, mat deenen ee weder d'Strategie, nach déi verstoppten Interessien deelt, sou de Macron. D'Lutte géint den Terror kéint net alles rechtfäerdegen. Déi gemeinsam Missioune solle bis de Juni dëst Joer op en Enn bruecht ginn. Konkret geet et nieft dem franséischen Asaz "Barkhane" ëm déi gemeinsam Militäroperatioun "Tabuka", un där ënner franséischer Leedung och e aner europäesch Länner bedeelegt sinn. D'Länner wëllen trotz dem Réckzuch aus dem Mali awer weider an der Sahelzon aktiv bleiwen.
Hannergrond vum Réckzuch si politesch Tensiounen am Land, notamment Behënnerunge vun der Militärjunta am Mali. Den Asaz vun der Lëtzebuerger Arméi ass vun der Annonce vum Donneschdeg net direkt betraff, kéint awer indirekt impaktéiert ginn. Lëtzebuerg ass am Kader vun der Uno-Stabiliséierungsmissioun Minusma an der EU-Formatiounsmissioun EUTM am Mali aktiv. Deen Asaz ass réischt viru Kuerzem bis Mäerz 2024 verlängert ginn. Zu Bréissel ass en Donneschdeg en EU-Afrika-Sommet, op deem d’Situatioun am Mali natierlech och en Thema ass.