Wéinst politesche Spannungen, ethnesche Konflikter, islamisteschem Terrorissem a bluddegen Attentater bleift d'Lëtzebuerger Arméi am Mali engagéiert.

Am Ministerrot gouf d'Verlängerung vun dësem Uno-Asaz bis Mäerz 2024 accordéiert. U sech sollt d'iwwernächst Woch den Defenseminister Bausch fir en Deplacement an eng Truppevisitt an de Mali fléien, mä dës Visitt gouf kuerzfristeg ofgesot.

Dës Ofso weist, wéi extrem ugespaant a geféierlech d'Situatioun am Mali ass. Engem Land, wou d'Wale vum nächste Mount annuléiert goufen an den Iwwergangs-Militärregimm d'Transitiounsphas ëm véier Joer verlängert huet, fir datt d'Junta weider kann um Pouvoir bleiwen.

Och d'Presenz vun de russesche Mercenairë vum Grupp Wagner am korrupt-gefouerte Sahel-Land gëtt vun der EU schaarf verurteelt.

Aktuell bleift et awer mol nach bei der Lëtzebuerger Militärpresenz am Mali. D'lescht Joer gouf et am Mali ewell deen drëtte Militärputsch zanter 2012.

Zanter deem selwechte Joer goufen et iwwer 250 Doudeger bei den Uno-Blohelmer.