WHO ënnersicht méiglechen Zesummenhang tëscht Covid an Hepatite

© AFP/Archiv/Fabrice COFFRINI
Déi mysteriéis Hepatite-Fäll bei Kanner klamme weltwäit. Wat ass den Ursprong dovun? Dat versicht d'Weltgesondheetsorganisatioun den Ament erauszefannen.
D'Weltgesondheetsorganisatioun ënnersicht, ob et en Zesummenhang gëtt tëscht dem Coronavirus an de villen Hepatite-Fäll bei Kanner. Antëscht wieren eng 348 presuméiert Hepatite-Fäll an 20 Länner gemellt ginn, bei deenen den Ursprong net gekläert ass. Méi wéi 160 eleng a Groussbritannien.
D'WHO war eng éischte Kéier uganks Abrëll iwwer ongekläerten Hepatite-Fäll a Schottland informéiert ginn. Och d'USA ënnersichen den Ament honnert suspekt Fäll. 5 Kanner sinn do gestuerwen. Anerer hu missen eng nei Liewer kréien. Hepatite ass eng Liewerentzündung, déi bei gesonde Kanner nëmme seelen optrëtt.
Enger Vertriederin vum globalen Hepatite-Programm vun der Weltgesondheetsorganisatioun no hätt een déi lescht Woche bei den Analysen däitlech Fortschrëtter gemaach. Eng Hypothees bleift déi vun den Adenoviren. Ronn 70% vun den Hepatite-Fäll wiere positiv op Adenovire getest ginn.