E Mann, dee viru véier Joer an Neiséiland zesumme mat sengen dräi Kanner ënnergedaucht war, ass dout.

Den Tom Phillips ass um fréie Méindegmoie bei engem Schosswiessel mat der Police, zu deem et no engem Abroch koum, gestuerwen. Wéi déi delegéiert Policepresidentin vun Neiséiland, d'Jill Rogers, erkläert huet, wier de Phillips no engem Abroch vun engem Polizist gestallt ginn, an hätt dësem an de Kapp geschoss. Doropshi wier eng weider Patrull op d'Plaz gefuer an et wier zu engem Schosswiessel komm, bei deem de Philips déidlech getraff gouf. De blesséierte Polizist wier iwwerdeems an e Spidol geflunn an noutoperéiert ginn. Engem vun de Kanner, dat beim Abroch dobäi war, géif et gutt goen.

Déi zwee aner Kanner goufen no enger Sich vun e puer Stonne vun der Police fonnt. Si hätte sech dem Rogers no géigeniwwer de Beamte kooperativ gewisen.

Den Tom Philips war am Dezember 2021 no engem Sträit mat senger deemoleger Partnerin - enger Fra, déi an den neiséilännesche Medien nëmme Cat genannt gëtt - verschwonnen. Zanterdeem war hien op der Flucht virun der Police, déi him eng Partie Strofdote reprochéiert huet, dorënner schwéier Kierperverletzung, den illegale Besëtz vun enger Schosswaff an Iwwerfäll.

D'Mamm vun den dräi Kanner ass antëscht iwwert den Doud vun hirem Ex-Partner informéiert. Si huet sech an enger éischter Reaktioun géigeniwwer dem Fernseesender RNZ erliichtert gewisen, dass si hir Kanner no véier Joer kéint erëmgesinn. Gläichzäiteg wier si traureg doriwwer wéi d'Situatioun e Méindeg op en Enn gaange wier.