En Donneschdeg huet Nordkorea en éischten offizielle Fall vum Coronavirus am Land confirméiert. Elo gi méi realistesch Zuele vu Pjöngjang public gemaach.

Déi staatlech Noriichtenagence schwätzt vun "enger neier Gripp bei engen 350.000 Leit". 188.000 Mënsche goufe mat Féiwer an Isolatioun gesat, 162.000 Leit wieren antëscht nees gesond. Déi meescht wieren isoléiert, mä op d’mannst sechs Mënsche wiere schonn dru gestuerwen. Bei op d'mannst bei engem Doudege wier d'Omikron-Variant vum Coronavirus nogewise ginn.

De Staatschef Kim Jong Un hat jo en Donneschdeg e landeswäite Lockdown declenchéiert an den Noutstand ausgeruff. Vun de 25 Milliounen Nordkoreaner ass kaum ee geimpft. De Kim Jong Un hat Impf-Offere vun der WHO, vu Russland a China refuséiert.