Domadder ass déi lescht grouss Covid-Restriktioun bei eise franséischen Noperen ewech gefall.

Schutzmaske muss een deemno just nach a Spideeler, souwéi an Alters- a Fleegeheemer unhunn. Do muss een och weiderhin de Gesondheetspass virweisen, dat heescht, dass Visiteure mussen geimpft, geheelt oder negativ getest sinn.

D'Inzidenz a Frankräich läit den Ament bei manner wéi 400 Fäll op 100.000 Awunner pro Woch. E Méindeg ware landeswäit nach eng 1.200 Covid-Patienten a franséischen Intensivstatiounen.