Moderna mellt positiv Resultater vun neiem Omikron-Vaccin

© AFP/Joseph Prezioso
Den neie Vaccin vum US-Pharmakonzern Moderna soll souwuel géint den urspréngleche Coronavirus, wéi och géint déi méi nei Omikron-Variant gutt schützen.
Un der Etüd hunn 814 Leit deelgeholl, déi schonn dräi Dose vum urspréngleche Moderna-Vaccin kruten. D'Hallschent vun hinne goufen eng véierte Kéier mam schonn zougeloossene Moderna-Vaccin géint de Coronavirus geimpft, déi aner Hallschent krut déi ugepasste Variant vum Vaccin. D'Etüd huet gewisen, datt de Schutz mam neien "bivalenten" Impfstoff géint den Omikron ronn 75 Prozent méi héich war, wéi dee vun der Vergläichsgrupp mam "normalen" Moderna-Vaccin. Och géint déi ursprénglech Variant vum Coronavirus war den Impfstoff méi effektiv. Dat mellt d'Firma e Mëttwoch.
Géint déi nei zirkuléierend Subvariante vum Omikron wier de Schutz e wéineg méi schwaach, mee ëmmer nach besser wéi mat dem urspréngleche Moderna-Vaccin, dee jo op déi alleréischt geleefeg Versioun vum Coronavirus ausgeluecht war.
Bis August wéilt ee prett fir d'Ausliwwerung sinn, esou de Moderna-Chef Stéphane Bancel. dee sech vun de Resultater "begeeschtert" gesot huet. Donnéeën dozou, wéi laang den neien Impfstoff wierksam bleift, ginn et bis ewell nach net.