D'Originne vum Sars-Cov-2 konnte bis elo nach ëmmer net honnertprozenteg gekläert ginn.

En Experterot vun der Weltgesondheetsorganisatioun fuerdert, datt d'Thees nach emol iwwerpréift gëtt, de Coronavirus wier zu Wuhan aus engem Labo entwutscht. China weist déi Theorie jo zréck a refuséiert an engems d'Arees vun enger weiderer internationaler Expertegrupp, fir der Saach op de Fong ze goen.