D'Australierin Erin Patterson gouf e Méindeg wéinst Mord vun engem Geriicht zu Melbourne zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt.

Am Juli 2023 hat si Familljememberen e Beef Wellington zerwéiert, dee mat gëftege Champignone preparéiert war. Dräi vun de véier Leit, déi dovu giess hunn - hir Schwéierelteren an d'Tatta vun hirem Mann - ware gestuerwen. De Mann vun der Tatta hat iwwerlieft.

D'Geriicht zu Melbourne hat d'Patterson schonn am Juli wéinst dräifachem Mord an engem versichte Mord schëlleg geschwat.

E Méindeg gouf dann d'Strof verhaangen. Dës enthält d'Méiglechkeet, no 33 Joer op Sursis fräizekommen. Dem Riichter no hätt d'Patterson hiren Affer an deenen hire Familljen e schwéiert Trauma zougefüügt. Dass si hir Dot net bereie géif, géif weidert Salz an d'Wonne streeën, sou de Riichter. D'Fra hat am Prozess bis zu Lescht behaapt, dass si déi gëfteg Champignonen aus Versinn an an de Beef Wellington gemaach hätt, a vun engem schrecklechen Accident geschwat.

D'Affekote vun der Verurteelter hunn nach d'Méiglechkeet géint d'Urteel a Beruffung ze goen.