De Gesondheetsminister Rauch huet zu Wien matgedeelt, datt an Éisträich d'Corona-Impfflicht ofgeschaaft gëtt.

An Éisträich schaaft d'Regierung d'Impfflicht of. Dat huet de grénge Gesondheetsminister Johannes Rauch op enger Pressekonferenz annoncéiert. Déi geplangten Obligatioun hätt fir vill Mëssverständnesser a falschen Interpretatioune gesuergt.

D'Impfflicht fir Erwuessener war vum Parlament decidéiert ginn, dunn awer schonn am Mäerz iwwer en Dekret ausgesat ginn. Knapps ee Mount nodeem se a Kraaft getrueden ass.