Curevac verklot Biontech - Reproche vu Patentrechtsverletzung

© AFP/File/THOMAS KIENZLE
Den Tübinger Konzern Curevac huet eng Klo géint de Corona-Impfstoff-Hiersteller Biontech SE an zwou Duechtergesellschaften agereecht.
Curevac fuerdert eng "fair" Entschiedegung fir d'Verletzung vun enger Rei vun de geeschtegen Eegentumsrechter aus iwwer zwee Joerzéngte Pionéieraarbecht an der mRNA-Technologie, déi bei der Produktioun an dem Verkaf vum Impfstoff Comirnaty (vu Biontech/Pfizer) benotzt goufen.
Den Tübinger Konzern huet eegenen Aussoen no net wëlles, rechtlech Schrëtt anzeleeden, déi d'Produktioun oder de Verkaf vu Comirnaty kéinte behënneren.
D'Präparat vu Curevac ass e sougenannten mRNA-Impfstoff, also genee wéi dee vu Biontech/Pfizer a Moderna.
Vu Biontech selwer gouf et bis ewell nach keng Stellungnam.