Honnerte Mënsche protestéieren a chinesescher Provënz Henan

© AFP (Archiv)
Et geet den Demonstranten ëm d'Korruptioun an d'Gewalt vun den Autoritéiten.
Honnerte Mënschen hunn an der chineesescher Provënz Henan géint d'Autoritéite protestéiert. Véier Banken an der Provënz, wou wirtschaftlech Problemer duerch Corona besonnesch ze spiere sinn, hunn zënter Mëtt Abrëll kee Boergeld méi ausbezuelt. Dausende Clienten haten op eemol keng Sue méi. Sporadesch goufen et dowéinst och méi kleng Demonstratiounen.
Déi lokal Autoritéite wollten op d'Nofro vun den Noriichtenagencen näischt zu de rezente Protester soen.
Eng Rei Demonstrante geheien hinne vir, mat de lokale Banken zesummenzeschaffen an d'Corona-App ze mëssbrauchen, fir aktiv d'Protester z'ënnerdrécken.