Trotz Ausgangsspären a weidere strikte Mesurë fir Millioune vu Mënsche klëmmt d'Zuel vu Corona-Infektiounen a China.

Déi chinesesch Autoritéiten hunn een neien Héchststand vu landeswäit 450 neien Infektiounsfäll gemellt. Déi meescht Infizéiert hu keng Symptomer. Trotz enorme wirtschaftleche Schied an enger steigender Onzefriddenheet bei de Mënsche suivéieren d'Autoritéiten a China nach ëmmer eng strikt Null-Corona-Politik, bei där eenzel Ausbréch direkt duerch eng Ofspärung a Massentester bekämpft ginn.

An dëser Woch hunn déi strikt Mesurë Millioune vu Chinese getraff. Zanter e Mëttwoch dierfen déi 4,4 Milliounen Awunner vu Lanzhou, der Haaptstad vun der Provënz Gansu, hir Wunnengen net méi verloossen. Zanter e Freideg ass e Landkrees an der Provënz Anhui am Lockdown. Eng Ausgangsspär gëllt zanter e Samschdeg fir Deeler vun der Stad Beihai.

Déi vu Peking suivéiert Corona-Strategie wéi och d'Immobiliëkris hunn de Wirtschaftswuesstem vun der zweetgréisster Vollekswirtschaft vun der Welt antëscht quasi komplett ausgebremst.

Déi chinesesch Null-Corona-Politik huet als Zil, all Ausbroch am Keim ze erstécken.