Boeing hat am Summer 2020 Problemer bei der Produktioun vu verschiddenen Dreamliner festgestallt. Déi sollen elo behuewe sinn.

D'Ausliwwerung vun de Maschinne gouf dowéinst tëscht November 2020 an Mäerz 2021, an duerno nees vu Mee 2021 u gestoppt.

Mëttlerweil wieren d'Problemer bei der Hierstellung vu verschiddene Baudeeler behuewen an all d'Zertifizéierungsstandarde wieren erfëlt, erkläert déi amerikanesch Fluchsécherheetsautoritéit FAA. D'Ausliwwerung vun de Maschinne kéinten an den nächsten Deeg nees ufänken.

Boeing hat Enn Juni 120 Dreamliner a sengem Inventar an hat d'Produktioun eegenen Aussoen no mat ganz niddreger Kadenz weidergefouert. Zanter der Maartaféierung am Joer 2004 hat Boeing eppes méi wéi 1.000 Maschinne vun deem Typ ausgeliwwert.