Bréck, déi Russland mat der Krim verbënnt, schwéier beschiedegt, 3 Doudesaffer
No der Explosioun op der Krim-Bréck riskéiert de Krich an der Ukrain weider z'eskaléieren.
Déi eenzeg Verbindung tëschent dem russesche Festland an der Hallefinsel Krim ass schro beschiedegt ginn, wéi eng Camionsbomm explodéiert ass an et en enormt Feier gouf. 7 Zuchwaggonen an deene Sprit war, hunn ugefaang ze brennen.
Hei de Video vun der "New York Times" vum Moment vun der Explosioun
En Deel vun der 19 Kilometerlaanger Bréck ass gebrach a läit am Waasser.
Et si Biller, déi zu Moskau méi wéi sécher fir entsate Gesiichter gesuergt hunn. An der Ukrain dogéint war d'Freed grouss.
Eng ukrainesch Internetzeitung berifft sech op Sécherheetskreesser zu Kiew a mellt, datt den ukrainesche Geheimdéngscht an d'Explosioun involvéiert wier.
Russland hat virun enger Attack op d'Bréck gewarnt, hat gesot, domadder géif een iwwert eng rout Linn goen. An esou engem Fall misst ee mat russeschen Attacken op d'Kommandozentral zu Kiew rechnen.
No enger ganzer Serie vun Néierlagen huet Russland en neie Kommandeur designéiert.
De 55 Joer ale Generol Sergej Suro-wikin. Hie gëllt als Mann mat vill Erfarung am Krich. A Syrien an och an Tschetschenien.